location_on
Kayl
calendar_month
Du: 01/09/2025 au: 04/09/2025
Zesummen ass et am schéinsten!📚💛
Bei eis an der Crèche si mir ganz frou, datt d’Elteren vun de Bébé+ sech Zäit geholl hunn, fir moies oder mëttes bei eis laanscht ze kommen. Si liesen de Kanner flott Geschichte vir 📖 a verbréngen esou e ganz besonnesche Moment zesumme mat hinnen an der Crèche. Dës Zesummenaarbecht tëschent Elteren a der Crèche mécht d’Erfarung fir d’Kanner a fir d'Elteren nach méi wäertvoll – a bréngt vill Freed a Sécherheet an hiren Alldag. 🌟 E grousse Merci un all d'Elteren, déi dës Momenter méiglech maachen! 🙏💐