location_on
Dudelange
calendar_month
Du: 02/09/2025 au: 09/09/2025
Beetebuerger Park / Parc Merveilleux
De ganze Summer iwwer hate mer e puer vun eise Gruppen déi flott Ausflich an de Märchepark zu Beetebuerg gemaach 🐒🦋🌳 All Grupp ass op engem aneren Dag gaangen, esou datt jidderee genuch Zäit hat fir alles a Rou z’erfuerschen. D’Kanner konnten do vill Déieren entdecken, sech op der Spillplaz austoben an déi verschidde kleng Attraktiounen ausprobéieren 🎠🐢🦜 Natierlech gouf och gutt gelaacht, vill gelaf an e klenge Picknick an der Sonn genoss 🧺☀️ Et war e richteg schéint Erliefnis fir all Grupp, mat villen neie Andréck an ganz vill Freed